Wärend Fluch positiv getestFra isoléiert sech selwer am Fliger a sëtzt 4 Stonne laang op der Toilette

RTL Lëtzebuerg
Et gi vill Grënn, wisou munch Mënsche meckeren: Maskeflicht, ze wéineg Beefräiheet am Fliger an an an. An da ginn et Mënsche wéi d'Marisa Fotieo.

D’Amerikanerin ass den 20. Dezember zesumme mat hirem Papp an hirem Brudder zu Chicago an de Fliger geklommen, dee si an Island fléie sollt. Vun do aus sollt d’Rees weider an d’Schwäiz goen. Ma schonn um éischte Vol huet d’Marisa Fotieo den Hals wéi kritt an huet sech nach am Fliger getest. Si hat e Schnelltest vun Doheem agepak an huet deen dunn op der Toilette am Fliger benotzt. D’Resultat war positiv.

Doropshi wier si selwer nawell liicht a Panik geroden an aus der Toilette erausgelaf. Zum Gléck ass d’Fluchbegleederin roueg bliwwen an huet d’Marisa Fotieo opgefuerdert, op der Toilette ze bleiwen, bis ee sech eens wier, wat ze maache wier.

Fir d’éischt emol wieren all d’Passagéier iwwer d’Fräispriechanlag informéiert ginn, dass eng positiv Persoun am Fliger wier, mä isoléiert gi wier. Jidderee sollt seng Mask vun deem Ament un opbehalen. De Fliger war bis op déi lescht Plaz ausgebucht, mat enger mat Corona infizéierter Persoun u Bord eng däitlech schlecht Situatioun deemno. D’Marisa Fotieo huet du selwer d’Initiativ ergraff an ass op der Toilette bliwwen.

Déi ongewéinlech Ëmstänn vun hirer Quarantän am Fliger huet si an engem TikTok-Video festgehalen. Dee gouf antëscht scho Millioune Mol ugeklickt.

Back to Top
CIM LOGO