Mont-Saint-Martin direkt bei der GrenzFraeläich soll mat Hëllef vun hiren Tattooen identifizéiert ginn
D'Ermëttlunge ronderëm de Fall vun der Fraeläich, déi e Méindeg am franséische Mont-Saint-Martin ouni Kapp fonnt gouf, gi weider.
L'enquête avance sur le corps démembré de Mont-Saint-Martin
Le corps retrouvé à Mont-Saint-Martin présente plusieurs signes distinctifs qui pourraient aider à l’identifier d’après le Procureur de la République de Nancy.
Déi onbekannt Fra gouf hannert engem Supermarché fonnt, deen zougemaach huet. D
‘Decouverte war nëmmen e puer Meter Loftlinn vu Rodange ewech.
Och wann nach ëmmer net gekläert ass, wien déi jonk Fra war, ginn et antëscht op d’mannst e puer Pisten, wéi och déi
franséisch Kolleege vum 5Minutes schreiwen. E Freideg huet den zoustännege Procureur erkläert, déi jonk Fra wier zum Zäitpunkt vun hirem Doud wuel tëscht 20 a 35 Joer al gewiescht.
Läich zu Mont-Saint-Martin: Video vun entstallter Fra mécht Tour op soziale Medien, Strofprozedur leeftBei der Autopsie konnten iwwerdeems weder Wonnen duerch Schosswaffen nach duerch spatz Géigestänn festgestallt ginn an och sexuell Iwwergrëff hätten et virum Mord keng ginn. D’Läich vun der Fra wier ausserdeem wuel enzwousch aneschters zerstéckelt gi wéi do, wou si schlussendlech fonnt gouf.
Wéi et vun der Police heescht, kéint et sinn, datt déi jonk Fra eng Prostituéiert aus Lëtzebuerg oder aus der Belsch kéint gewiescht ginn. D’Hypothees vun engem Femizid gouf opgestallt. Et gëtt elo drop gehofft, datt d’Fra duerch hire Piercing oder hir Tattooe kéint identifizéiert ginn. Si hat een Nuebelpiercing an zwee Tattooen. Op hirer rietser Leescht stoung “Kiko” - warscheinlech ee Virnumm - an ënnen op hirem Réck hat si een Tattoo mat enger Rous an engem Dolch.
Informatioune fir d’Police kënnen ënnert der franséischer Nummer 0390 23 13 00 matgedeelt ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Mont-Saint-Martin a Moyeuvre-Grande: Kee Lien tëscht den zwou Läichen ouni Kapp