EuskirchenFräiloft-Party mat bis zu 200 Persounen opgeflunn

RTL Lëtzebuerg
En 23 Joer ale Mann aus der Belsch hat an der Nuecht op e Sonndeg op eng Corona-Party an engem Bësch zu Euskirchen invitéiert. D'Police gouf alarméiert.

En Zeien war e Sonndeg de Moie géint 6 Auer op haart Musek aus dem Bësch opmierksam ginn an huet d’Police geruff, déi festgestallt huet, dass um Terrain vun enger fréierer Rakéitestatioun am Billiger Wald zu Euskirchen eng gréisser Party war.

Bis zu 200 Leit sollen do gewiescht sinn.

Mat Hëllef vun e puer Patrulle konnte 35 Participante gestallt ginn, vill Leit sinn awer a Richtung Bësch geflücht. Och ee vun den Organisateure konnt festgehale ginn a koum mat op de Policebüro zu Euskirchen. Et handelt sech ëm en 23 Joer ale Mann aus der Belsch.

Op der Plaz goufe eng gréisser Museksanlag sécher gestallt, souwéi e leeschtungsstaarken Noutstroumaggregat.

Wéinst dem Verstouss géint déi aktuell Corona-Mesurë mussen déi Bedeelegt mat engem fatzege Protokoll rechnen.

Back to Top
CIM LOGO