Sexuell IwwergrëffFräisproch um Londoner Geriicht fir de Kevin Spacey

RTL Lëtzebuerg
Den US-Acteur gouf vum Virworf vu sexuellen Iwwergrëff op e puer Männer vun engem Geriicht an der brittescher Haaptstad fräigeschwat.

Véier Männer haten dem Hollywood Schauspiller virgeworf, si sexuell belästegt ze hunn. Him ass ënner anerem Virgeworf ginn, d’Männer onerwënscht ugepaakt ze hunn oder si probéiert huet, zum Geschlechtsverkéier ze zwéngen.

Viru Geriicht gouf de Kevin Spacey elo an allen néng Punkten, an deenen hien ugeklot war, fräigeschwat. Den Acteur hat vun Ufank un d’Uschëllegungen zeréckgewisen oder uginn, datt béid Parteie mam sexuellen Akt averstane waren. Eng Jury huet missten decidéieren, a wéi enge Punkte si de Spacey fir schëlleg oder onschëlleg halen. Si hunn hien an alle Punkte fräigeschwat.
Den Acteur huet Medien no gekrasch, wéi d’Urteel gesprach gouf. Hien huet duerno virum Geriichtsgebai an engem kuerze Statement de Riichter an allen involvéierte Juristen “Merci” gesot, dass si sech Zäit geholl hätten, d’Fakte gewëssenhaft z’examinéieren. De Kevin Spacey huet haut en plus Gebuertsdag. Hie gëtt 64 Joer al.

Back to Top
CIM LOGO