Booster schonn no 3 MéintFrankräich huet wéinst der sanitärer Situatioun nei Mesuren decidéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Situatioun ass extrem ugespaant bei eise franséischen Noperen. E Samschdeg goufen et méi wéi 100.000 Neiinfektiounen am Hexagon.

Dat ass en neie Rekord. Den Inzidenzwäert iwwer 7 Deeg läit bei méi wéi 700 Fäll op 100.000 Awunner. Impfe bleift d’Haaptwaff géint de Virus. Och wann ee sech kann ustiechen an d’Krankheet iwwerdroen, schützt de Vaccin nach ëmmer virun engem schwéiere Verlaf, och bei der Omikron-Variant, esou de franséische Premier Jean Castex, deen déi nei Mesuren um Méindeg den Owend zesumme mam Gesondheetsminister Olivier Véran annoncéiert huet.

D’Regierung huet decidéiert, datt ee sech a Frankräich scho kann no 3 Méint boostere loossen an aus dem Pass sanitaire soll den hallwe Januar en Impfpass ginn. Iwwerall do, wou dee gefrot gëtt, muss een da geimpft sinn. En Test geet op deene Plazen net méi duer.

Den Teletravail gëtt obligatoresch. Employéeë mussen op d’mannst 3 Deeg d’Woch vun doheem schaffen, wa méiglech 4.

Am Zentrum vu Stied muss een eng Mask opdinn.

Grouss Rassemblementer ginn ënnerdaach op 2.000 Persoune limitéiert. Dobausse si bis zu 5.000 Leit méiglech.

Concerten, op deenen ee steet, gi verbueden. A Kinoen, a “Salles de spectacles” an am ëffentlechen Transport dierf een näischt méi iessen oder drénken.

Am Café dierf een net méi am Stoen drénken an all Zeremonien, déi fir den 31. Dezember geplangt waren, sinn ofgesot.

De Gros vun dëse Mesurë gëllt vum 3. Januar un.

De Gesondheetsminister huet präziséiert, datt d’Omikron-Variant vill méi ustiechend ass. Op d’mannst 3 Mol méi. Verschiddene Modellisatiounen no kéint dat scho geschwënn zu 250.000 Neiinfektiounen den Dag féieren.

Back to Top
CIM LOGO