
De Premierminister Bayrou huet d’Regierung an Algerien e Mëttwoch opgefuerdert, d’Accorden an “d’Aart vun der Ëmsetzung” z’iwwerpréiwen. De Bayrou huet déi algeresch Autoritéiten dofir responsabel gemaach, datt den Täter zu Mulhouse net a säin Heemechtsland deportéiert konnt ginn.
De Bayrou sot no enger Spezial-Sëtzung vum Interministerielle Rot fir d’Kontroll vun der Awanderung (CICI) zu Paräis, datt d’Ofkommes vun Algerien “net respektéiert” géing ginn. Frankräich kéint dat net méi laang akzeptéieren. Fir d’Iwwerpréiwung huet hien Algerien en Delai vun zwee an engem hallwe Mount gesat. An der Tëschenzäit wäert Frankräich der algerescher Regierung “eng Drénglechkeetslëscht mat Persoune virleeën, déi an hiert Land zréck mussen an déi mir als besonnesch kriddeleg ugesinn”,
Wa Frankräich vun Algerien bis zum Schluss vum Delai “keng Äntwert” krut, wier eng “Kënnegung vun den Ofkommessen deen eenzeg méiglechen Auswee”, huet de Regierungschef gewarnt. Gläichzäiteg huet hie verséchert, datt dat net “dat ass, wat mir wëllen”. Frankräich wéilt och keng Eskalatioun. De Refus, algeresch Staatsbierger, déi deportéiert solle ginn, zeréckzehuelen, wier awer “en direkten Ugrëff op d’Accorde” mat Algerien.
RTL-News (24.2.25): Mulhouse: Een Doudegen a 5 Blesséierter no Messerattack