Stëllstand soll verhënnert ginnFrankräich lockert Quarantän-Reegelen

RTL Lëtzebuerg
Trotz der Rekordzuel bei den Neiinfektioune verkierzt Frankräich d'Friste bei der Quarantän.

Komplett geimpft Persoune mussen am Fall vun enger Infektioun vun e Méindeg un nëmmen nach siwen Deeg a Quarantän, dat huet de Gesondheetsminister Olivier Véran an der Sonndeszeitung “Le Journal du Dimanche” ugekënnegt.

D’Quarantän ka mat engem negative Selbsttest oder engem PCR-Test op fënnef Deeg verkierzt ginn. Fir net oder net komplett geimpft Persoune bleift et bei der Quarantän vun zéng Deeg, déi mat engem negativen Test op siwen Deeg verkierzt ka ginn.

Kontaktpersounen, déi net oder net komplett geimpft sinn, musse weiderhi siwen Deeg a Quarantän. Komplett geimpft Kontaktpersoune musse vun e Méindeg un net méi a Quarantän, virausgesat se teste sech bannent sechs Deeg all zweeten Dag. Déi entspriechend Tester ginn et gratis an der Apdikt.

D’Lockerung vun de Quarantän-Reegele soll eng Destabiliséierung vum gesellschaftlechen a wirtschaftleche Liewe verhënneren, sou de Véran. Wa ganz Frankräich a Quarantän ass, kéim et nämlech zum Stëllstand, esou d’Begrënnung vu Paräis.

Back to Top
CIM LOGO