Vun e Freideg unFrankräich mécht bis Enn Abrëll Grenzkontrollen

RTL Lëtzebuerg
Däitschland huet se schonn, a Frankräich gëtt et se vum 1. November un nees: temporär Grenzkontrollen.
© Philipp von Ditfurth / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Scho viru gutt zwou Wochen huet eist Nopeschland d’EU-Kommissioun driwwer informéiert, dass et nees zu Grenzkontrolle mat de 6 Nopeschlänner kënnt.

Betraff sinn nieft Lëtzebuerg och d’Belsch, Däitschland, d’Schwäiz, Spuenien an Italien. Frankräich mécht et deemno d’selwecht wéi Däitschland a nennt Sécherheetsrisiken als Grond, dat z.B. duerch Terrorismus oder illegal Immigratioun. Mëtt September eréischt huet Däitschland jo nees ugefaangen, seng Grenzen ze kontrolléieren.

Ma och aner Länner huelen änlech Precautiounen. Sou ginn an Éisträich zanter e Mëttwoch nees temporär Kontrollen op de Grenze mat der Slowakei, respektiv mat Tschechien.

Länner wéi Norwegen, Schweden oder Dänemark verstäerken hir Grenzkontrolle dann och bis Mëtt 2025.

Oplëschtung: Wéi eng Länner maache wéini, aus wéi enger Grënn nees Grenzkontrollen?

Back to Top
CIM LOGO