
A Frankräich gouf et 41.622 Neiinfektiounen an de leschte 24 Stonnen, dat der 15.000 méi wéi den Dag virdrun. Domadder gouf et bis elo 999.043 Corona-Fäll an eisem Nopeschland. Doudeger gouf et der 34.210, e Plus vun 162.
En Donneschdeg huet de franséische Premier Castex d’Ausgangsspär ëm 38 Departementer erweidert, dorënner och de Grand Est, Meurthe-et-Moselle a Bas-Rhin. 46 Millioune Mënschen (vu 67) si betraff.
Italien huet bannent 24 Stonne 16.079 nei Corona-Fäll gemellt, sou vill wéi am Ufank vun der Pandemie. Den Dag virdrun waren et knapp 15.200, och dat war schonn eng Rekordzuel. Am Ganzen hu sech bis ewell noweislech iwwer 465.700 Mënsche mam Coronavirus ugestach. D’Zuel vun den Doudege klëmmt ëm 136 op 36.968.
Portugal huet regional Lockdowns decidéiert, dat an 3 Regiounen. Den neien Héchstwäert läit bei 3.270. Déi dräi Bezierker, déi et am Schlëmmste getraff huet, sinn Lousada, Felgueiras a Pacos de Ferreira.
Esou dierfen d’Leit net méi aus dem Haus ouni e wichtege Grond ze hunn, wéi d’Aarbecht oder e Besuch beim Dokter. An den dräi Bezierker an der Géigend vu Porto mussen dann och all d’Butteker um 22 Auer zou sinn.
An Däitschland ginn et nees iwwer 11.000 Neiinfektiounen, den zweethéchsten Taux zanter dem Ufank vun der Pandemie. D’Zuel vun den Doudesaffer ass ëm 49 geklommen op elo 9.954. Déi meescht Infektioune ginn et am privaten Ëmfeld, esou d’Robert-Koch-Institut. Dat virun allem bei private Fester, Hochzäiten oder Gebuertsdagspartyen.
Och an eisem drëtten Nopeschland ginn d’Corona-Reegelen nees verschäerft. Vum 23. Oktober u gëllen an der Belsch an de Beräicher Sport, Kultur an Educatioun méi streng Mesuren, déi hirem Niveau d’alerte 4 entspriechen. Sportlech Evenementer op professionellem Niveau bannen a baussen dierfe just ouni Spectateuren oflafen. Op Amateur-Niveau goufen d’Kompetitiounen annuléiert. Kompetitioune fir Jugendlecher ënner 18 Joer bleiwen awer bestoen. Trainingen dobausse solle privilegéiert ginn. Wat Trainingen an enger Hal ugeet, muss den Ofstand vun 1,5 Meter respektéiert ginn. Kanner bis 12 Joer däerfen nach Kierperkontakt beim Training hunn. D’Schwämme mussen iwwerdeems net zoumaachen.
An de Lycéeën dierfe just maximal 20% vun de Raimlechkeete besat sinn an de Mask ass obligatoresch. An der Aarbechtswelt bleift den Home Office weiderhin d’Reegel, wann e kann ëmgesat ginn.
Ob kulturell oder beispillsweis reliéis Evenementer an Aktivitéiten: Just nach 40 Persoune sinn an engem Raum erlaabt, wa garantéiert gëtt, dass d’sanitär Reegelen agehale kënne ginn. Fräizäitparke bleiwe bis op Weideres zou. Am ëffentlechen Transport ginn d’Kapazitéiten optiméiert, fir d’Passagéier besser ze verdeelen.
Och d’Mesuren, déi den 19. Oktober a Kraaft getruede sinn, bleiwe weiderhi bestoen. Déi enk sozial Kontakter goufen op 1 Persoun limitéiert, privat Rassemblementer goufen op déi selwecht 4 Persoune reduzéiert wärend 2 Wochen. Och dobaussen dierfe sech net méi wéi 4 Leit treffen. Mäert a kleng Foirë bleiwen op, Floumäert, Chrëschtmäert a Brocantë si verbueden. De Gastronomie-Beräich muss seng Diere fir 4 Wochen zouloossen. Vun 20 Auer u kritt ee keen Alkohol méi ze kafen. Ausserdeem gouf an der Belsch eng Ausgangsspär decidéiert. Dëst vu Mëtternuecht bis 5 Auer moies. Ausnamen gëlle fir medezinesch Urgencen an Deplacementer aus beruffleche Grënn.
A Griichenland gouf en Donneschdeg eng Ausgangsspär fir Hotspots, wéi Athen oder Thessaloniki annoncéiert. Vun e Samschdeg un dierfen d’Leit an de betraffene Géigenden nuets tëscht 0.30 a 5 Auer hir Wunnengen net méi verloossen. Maskeflicht gëllt dann och dobannen an dobaussen.
Bis ewell war Giichenland am Verglach gutt duerch d’Kris komm, ma déi leschten Deeg huet een eng Rekordhausse no där anerer gehat. Eleng an de leschte 24 Stonne gouf et 882 Neiinfektiounen a 15 Doudesfäll. Bis ewell gouf et 28.000 Infizéierter a 550 Doudesfäll, dat bei 11 Milliounen Awunner.
