CoronavirusFrankräich registréiert fir d'éischte Kéier iwwer 100.000 Neiinfektiounen

RTL Lëtzebuerg
Bannent 24 Stonne goufen 104.611 nei Fäll registréiert, dat hunn déi franséisch Autoritéiten e Samschdeg matgedeelt.
Ee Corona-Testzenter zu Paräis.
Ee Corona-Testzenter zu Paräis.
© AFP

A Frankräich gouf den drëtten Dag noeneen een neien Héchstwäert bei den Neiinfektioune mam Coronavirus registréiert. Bannent de leschte 24 Stonne louch d’Zuel bei 104.611. Et ass déi éischte Kéier, datt iwwer 100.000 Persoune bannent engem Dag positiv getest goufen. Bannent dräi Wochen huet sech d’Zuel vun den Neiinfektioune verduebelt.
Frankräich ass schonn an der fënnefter Well, déi däitlech méi ustiechend Omikron-Variant breet sech a villen europäesche Länner ëmmer méi aus.

De franséische President Emmanuel Macron huet fir e Méindeg am Nomëtteg eng Videokonferenz vum Corona-Krisestaf aberuff. Duerno kënnt d’Regierung an enger ausseruerdentlecher Sëtzung zesummen, fir d’Ëmwandlung vum Gesondheetspass an een Impfpass nach méi fréi wéi bis ewell geplangt op de Wee ze bréngen.

Een negative Corona-Test soll an Zukunft net méi duergoen, fir um ëffentleche Liewen deelzehuelen. D’Regierung schléisst och wéinst der Hausse vun den Zuele weider Aschränkungen net aus.

Back to Top
CIM LOGO