Speziell Ausname fir d'FeierdeegFranséisch Regierung gëtt Detailer iwwer nei Mesuren

RTL Lëtzebuerg
Op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Moien huet de Premier Jean Castex zesumme mat den zoustännege Ministeren déi nei Mesuren erkläert.
© AFP Ludovic Marin

Als éischt huet de Premier der Populatioun gratuléiert, si hätten et fäerdegbruecht, datt d’Zuele gefall sinn an den Taux de Reproduction wier nach just bei 0,65. Dat wier ee vun de niddregsten a ganz Europa an et géif néierens esou erofgoe wéi a Frankräich.

An awer wier et elo net de Moment, fir seng Garde falen ze loossen, och wann ee vun engem Deconfinement géif schwätzen, déi zweet Well wier nach net eriwwer. Dobäi huet hien nach eng Kéier d’Datumer an d’Mesurë widderholl, déi den Emmanuel Macron scho virun zwee Deeg annoncéiert hat. Weider huet hien ergänzt, datt den Teletravail d’Reegel soll bleiwen a wou ëmmer et méiglech wier, och drop zeréckgegraff soll ginn. All d’Etappen, déi de President annoncéiert hat, wieren och ze meeschteren, wann d’Situatioun et zouléisst, sou de Castex weider.

Well d’Geschäfter e Samschdeg nees kënnen opmaachen, dierfen och an de Supermarchéen nees verschidde Rayonen opgemaach ginn, dat alles ënner strenge sanitäre Mesuren. Fir net ze vill Leit beieneen an de Butteker ze hunn, dierfen d’Geschäfter och alleguerte bis 21 Auer op sinn. Déi Butteker, déi bis elo zou waren an e Samschdeg nees opmaachen dierfen, kréie vum Staat och eng finanziell Hëllef, esou den Alain Griset, delegéierte Minister fir kleng a mëttel Entreprisen. Och kulturell Institutiounen dierfen nees opmaachen, ma och hei mussen um 21 Auer all d’Visiteuren aus dem Gebai sinn. Am Fall vun enger Kontroll vum Couvre-Feu, sollten déi Leit hir Ticketen halen, fir déi virzeweisen, esou d’Kulturministesch Roselyne Bachelot.

Bis ewell duerften d’Fransouse jo just 1 Kilometer vun hirer Adress ewech sinn, dat fir eng Stonn. Dëst gëtt elo op 20 Kilometer fir 3 Stonnen ausgebaut, ma d’Visitt bei der Famill oder de Frënn bleift weider net erlaabt. Dogéint sinn awer sportlech Aktivitéiten dobausse méiglech. U Massen dierfen dann och nees 30 Leit deelhuelen.

Op Schivakanzen ass de Jean Castex och agaangen. Hei géif déi aktuell Situatioun an och déi an de Spideeler an deene Géigenden et net erlaben, fir de Wantersport nees viru Chrëschtdag opzemaachen. De Couvre-Feu, dee jo vun 21 bis 7 Auer geet, wäert awer fir d’Nuecht vum 24. op de 25. Dezember a vum 31. Dezember op den 1. Januar net gräifen. Präziséiert gouf dobäi awer, datt d’Leit hir Kontakter solle limitéieren an d’Regierung wäert an noer Zukunft hir Recommandatiounen erausginn.

D’Aarbechtsministesch Élisabeth Borne ass op d’Hëllefen agaangen, déi d’Leit kënne kréien. Grad déi Aarbechter, déi schwéier vun der Kris betraff sinn, wéi ënner anerem déi Leit, déi saisonal Aarbechten hunn, sollen eng Hëllef vun 900 Euro de Mount kréien, dat vum 1. November bis an de Februar eran. Fir déi jonk Leit huet de Premier dunn nach eng “Garantie Jeune” annoncéiert, vun där dat nächst Joer bis zu 200.000 Leit kënne profitéieren.

Op d’Fro vun den Impfungen sot de Gesondheetsminister Olivier Varan, datt een als éischt misst sécher sinn, datt een e séchere Stoff huet, dat géif een en de Populatioun proposéieren. Hei wéilt d’Regierung a kompletter Transparenz schaffen.

Back to Top
CIM LOGO