
De fréiere Chef vum Bundesnachrichtendienst (BND) August Hanning ass en Dënschdeg de Moie wéinst Spionageverdacht festgeholl ginn. De Generalbundesanwalt ermëttelt ënner anerem wéinst dem presuméierte Weidergi vu Staatsgeheimnisser a vun de geheimdéngschtlechen Tätegkeete vun Agenten. Dat huet d'Agence vu Karlsruhe matgedeelt. Och dem Hanning säi fréieren Aarbechtskolleeg Manfred D., deen de Büro beim däitschen Auslandsgeheimdéngscht geleet huet, gouf festgeholl.
D'Ermëttler ginn dem Verdacht no, datt den D. dem Hanning geheim Informatioune verkaaft hätt. Dësen hätt d'Informatiounen da mat Gewënn verwäerte wëllen. Eemol hätt hie fir ee Mataarbechter vun engem frieme geheimdéngschtleche Sécherheetsapparat eng Analys gemaach. Donieft soll hie mat engem Member vun engem anere staatleche Geheimdéngscht an intensivem Austausch gestanen hunn. Dësen hätt hien iwwer Jore mat politeschen Informatioune versuergt gehat.