Verbrieche géint d'MënschlechkeetFréiere philippinnesche President Rodrigo Duterte festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De fréiere philippinnesche President Rodrigo Duterte ass wéinst dem Virworf vu Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a Mord festgeholl ginn.
De Fliger mam Rodrigo Duterte u Bord.
De Fliger mam Rodrigo Duterte u Bord.
© AFP/Jam STA ROSA

Nodeem de Mandat d’arret vum Internationale Strofgeriichtshaff am Kader vum Duterte sengem haarde Virgoe géint d’Drogekriminalitéit vollstreckt ginn ass, ass den 79 Joer alen Ex-President mam Fliger op Den Haag geflu ginn. Dem Duterte senger Duechter Sara no, déi aktuell Vizepresidentin ass, wier hire Papp “mat Gewalt op Den Haag” bruecht ginn.

Mënscherechtsorganisatiounen no goufen am Ani-Drogekrich vun der Duterte-Regierung Zéngdausenden dacks ganz aarm Männer ëmbruecht, ouni datt hinnen eng Verbindung zum Drogenhandel hätt kënnen nogewise ginn.

De Rodrigo Duterte war vun 2016 bis 2022 President vun de Philippinnen an hat an där Funktioun den “Anti-Drogekrich” lancéiert, deen elo ënnert sengem Nofollger Marcos weidergefouert gëtt. De philippinneschen Autoritéiten no si bei den iwwer 200.000 Anti-Drogen-Asätz ënnert dem Duterte 6.181 Mënschen ëmkomm. D’Ermëttler vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag schwätzen dogéint vun tëscht 12.000 bis 30.000 Doudegen.

De Fliger mam Rodrigo Duterte u Bord.
De Fliger mam Rodrigo Duterte u Bord.
© AFP/Jam STA ROSA

Back to Top
CIM LOGO