Russesche Journalist Dmitri MuratowFriddensnobelpräis-Medail soll fir Flüchtlingen a Blesséierter versteet ginn

RTL Lëtzebuerg
De Chefredakter vun der russescher Dageszeitung "Nowaja Gaseta" huet dës Medail eréischt d'lescht Joer kritt. Elo geet se un en Hëllefsfong.

En Auktiounshaus soll de Wäert vun der Medail schätzen, déi aus enger Gold- a Sëlwerlegéierung besteet an se dann un déi Persoun, déi am meeschten dofir bitt, verkafen.

D’Geld wäert dann un “Ziviliste goen, déi geflücht sinn, u blesséiert Kanner a krank Leit, déi direkt eng Behandlung brauchen” seet den Dmitri Muratow weider. D’Zeitung an där hie Journalist ass appelléiert dann och nach eemol, d’Wafferou an der Ukrain direkt anzeféieren, sech géigesäiteg auszetauschen an Hëllef fir Zivilisten ze leeschten, sou wéi Fluchtcouloiren ze schafen.

De Muratow huet am Joer 2021 de Friddensnobelpräis zesumme mat der philippinnescher Journalistin Maria Ressa kritt. Alle béid goufen se fir hir Verdéngschter ëm d’Meenungsfräiheet ausgezeechent. D’Zeitung “Nowaja Gaseta” gëllt als lescht Bastioun vun der fräier Press a Russland.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO