
D’USA a Russland geheie sech vir, fir déi momentan schlecht weltwäit Ernierungssécherheet responsabel ze sinn. Den US-Ausseminister Blinken sot virum UNO-Sécherheetsrot zu New York, datt Russland déi ganz Welt géif a Geiselhaft huelen, duerch hire Blockage vun ukraineschen Agrar-Exporter, vun deene Millioune Mënschen ofhängeg sinn. Russland kontert, dat wär net wouer, mä d’USA géife mat hire Sanktiounen d’Situatioun verschäerfen.
Vun der ukrainescher Regierung heescht et iwwerdeems, datt dat russescht Militär ëmmer méi Kären géif klauen. Een Drëttel vun hire Felder sinn aktuell net beséit. Déi stockéiert Käre si blockéiert. D’UNO warnt dowéinst virun enger globaler Liewensmëttelkatastrof.
Den Honger dierft nimools als Krichswaff benotzt ginn, dat sot de Jean Asselborn virum UNO-Sécherheetsrot zu New York.
E kollektiven internationalen Effort wier elo wichteg, fir datt et net zu der gréisster Ernierungskris vun der Geschicht kéim, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.