Brasilianesche SuperstarGéint den Neymar gëtt Plainte wéinst Vergewaltegung gefouert

RTL Lëtzebuerg
Eng Fra, där hir Identitéit geheim gehale gëtt, huet zu Sao Paolo dem 27-järege Futtballspiller vum PSG Vergewaltegung virgeworf.
Den Neymar am Trainingsdress vun der brasilianescher Nationalekipp.
Den Neymar am Trainingsdress vun der brasilianescher Nationalekipp.
© afp

Mëtt Mee soll den Neymar, dee jo den Ament zu Paräis beim PSG spillt, an engen net erniichteren Zoustand der Fra ze no komm sinn a si zu Geschlechtsverkéier gezwongen hunn. Zwee Deeg duerno soll dat vermeintlecht Affer de Fliger a Brasilien geholl hunn, fir do bei engem fir esou Fäll spezialiséierte Policebüro Plainte ze féieren.

Reaktioun vum Neymar

De Superstar vum Paris Saint-Germain huet iwwerdeems der Versioun vun der Fra widdersprach an huet als Beweis fir seng Onschold den Chat op Instagram tëscht den zwee publizéiert - hei wiere just e puer harmlos pikant Fotoen drop ze gesinn.

Donieft huet de Brasilianer, dee sech a sengem Heemechtsland mat der Futtballnationalekipp op d’Copa America virbereet, mat engem iwwer 7 Minutte laangem Video op Instagram seng Onschold verdeedegt.

Futtball Tournoi zu Lëtzebuerg

Den Neymar huet iwwerdeems och sportlech vu sech schwätze gedoen. E Samschdeg 1. Juni gouf an der Stad an der Abtei Neimënster ee Futtball Tournoi mat dem Numm Neymar Jr’s Five op kënschtlechem Wuess ausgedroen. An enger Rëtsch Stied uechtert d’Welt ginn esou Tournoien ausgedroen - d’Gewënner gi fir den 13. Juli op Praia Grande a Brasilien agelueden, fir dann do ëm den Titel ze spillen. Op dem Neymar Jr’s Five an der Stad konnte sech iwwerdeems déi 5 Männer vum UKS Brodno behaapten. Si reesen den nächste Mount dann a Brasilien, wou och de Superstar Neymar mat vun der Partie wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO