
Laang Zäit war Taiwan virun allem als Produktiounsland an de Käpp vun de Leit, wou zum Beispill d’Mikrochippen hierkommen. Ma den Ukrain-Krich huet Taiwan gewisen, dass ee méi present muss sinn op der internationaler Bün. D’Insel ka sech net nëmmen op d’USA verloossen als Géigepol zu China, ma muss weider Partner op seng Säit zéien.
Taiwan baut seng wirtschaftlech Presenz op der internationaler Bün aus
Wirtschaftlech relevant ass Taiwan besonnesch wéinst senger performanter Chip-Industrie a senger geographescher Lag un der Taiwan-Strooss. Si ass eng vun de wichtegste Séi-Stroosse fir de kommerziellen an internationalen Handel a verbënnt Japan, Südkorea, China an Taiwan mam Westen. Knapp d’Hallschent vun alle Containerschëffer weltwäit fueren hei duerch. Besonnesch wichteg och fir Japan, well d’Land iwwert dëse Wee de gréissten Deel vu sengem Besoin un Energie aus dem persesche Golf kritt.
Aus der Liwwerketten an der Chip-Industrie ass d’Insel dann net ewech ze denken. Taiwan ass weltwäit de gréisste Produzent vun Halbleiter a Mikrochippen. Zwee Drëttel vun den Chippe ginn an Taiwan produzéiert a souguer 90% an der Kategorie vun de performantsten Nano-Chippen. Apple zum Beispill kritt e groussen Deel vun den Chippe fir seng iPhonë vun taiwanesche Fournisseuren, notamment vun TMSC. An et sinn och taiwanesch Firmen, dorënner Foxconn, déi d’iPhonë produzéieren.
Méi spezifesch sicht Taiwan awer och de Lien mat der EU, dee sech an de leschte Joren, ma virun allem zanter dem Ufank vum Ukrain Krich verstäerkt huet. Fir de Vladimir Stolojan-Filipesco, Visiting Scholar un der Academia Sinica, der nationaler Akademie vun de Wëssenschaften an Taiwan steet ausser Fro, dass Taiwan e wichtege Bäitrag zur internationaler Communautéit kéint maachen. D’EU ass effektiv de gréissten Investisseur an Taiwan, dat nach virun den USA. 2021 louch den Handelsvolume tëschent béide Länner bei iwwer 66 Milliarden Euro. Dat ass eng Hausse vun iwwer 30% par Rapport zum Joer virdrun. EU-baséiert Entreprisen hunn 2021 och iwwert ee Véierel vum Total vun auslänneschen Investisseuren ausgemaach.
De Filip Grzegorzewski, Direkter vum European Economic and Trade Office, dem Europäesche Wirtschafts- an Handelsbüro an Taiwan wëll Taiwan als Member vun der internationaler Communautéit valoriséieren. Um 3. EU Investment Forum sot hien: “Als gréissten Investisseur huet d’EU en Engagement mat Taiwan a gesäit d’Natioun als gläichgesënnte Partner an eng Demokratie déi de Rechts-Grondsaz valoriséiert. Am Hibléck op déi global Erausfuerderungen, esou wéi d’Stéierunge vun de Liwwerketten an der Energiekris, wier et fir Taiwan an d’EU besser zesummenzeschaffen an hir Erfarungen auszetauschen”.
Taiwan huet op senger Säit am Januar e Fong etabléiert, dee mat 1,16 Milliarden Euro d’Zesummenaarbecht mat strategeschen Industrien an Zentral- an Osteuropa fërdere soll, dorënner Halbleiter, Biotechnologie, Laseren an Elektrogefierer. Mat der sougenannter Taiwan-Europe-Connectivity Initiative soll och eng Kooperatioun mat der EU koordinéiert ginn, notamment an de Beräicher Educatioun, Fuerschung a Kultur.

Ass Taiwan militäresch op den Eeschtfall preparéiert?
Nieft den Efforten, fir méi enk Liene mat der internationaler Communautéit ze kreéieren, notamment mat der EU, stellt sech awer d’Fro, ob a wéi Taiwan sech militäresch op e Konflikt virbereet. Et gesäit een eng gewësse Prise de Conscience fir den Eescht vun der Lag. Et wëll ee sech entspriechend Moyennë ginn, fir sech ze preparéieren. Rezent huet zum Beispill de Ministère fir déi national Defense eng Hausse vum Militärbudget vu knapp 14% annoncéiert. Deemno geet de Budget op 18,6 Milliarden, eng Equivalenz vun 2,4% vum BIP, erop. De gréissten Deel wäert benotzt gi, fir Personal, Logistik a Maintenance opzestocken. Esou wëll een op déi kontinuéierlech Infraktioune vu China virun der Küst besser gerëscht sinn. Konkret geet et drëms, fir Ersatzdeeler, Dreifstoff, Munitioun an d’Maintenance vu militäreschen Equipementer a Standuerter ze assuréieren. Et wëll een och nei Trainingszenteren a méi spezialiséierten Training fir d’Membere vun der Arméi kreéieren.
“Haaptzil vun der taiwanescher Arméi ass natierlech, den Territoire géint China ze verdeedegen. Et versicht een also den numeresche Virdeel vun der chineesescher Arméi auszebalancéieren, fir eng Attack vu China ofzewieren, zum Beispill duerch Rakéitenofwiersystemer, respektiv Anti-Fliiger- an Anti-Krichsschëff-Rakéiten”, esou den Hugo Tierny. “Ma, d’Arméi fokusséiert sech virun allem op eng konventionell Approche, mat Fligeren, Schëffer, U-Booter, etc. Dës brauchen eng schwéier a komplex Infrastruktur fir ze funktionéieren, déi vun de Chinesen einfach kéint zerstéiert ginn”. Och de Vladimir Stolojan-Filipesco gesäit déi aktuell Efforten nuancéiert: “Et ginn Investissementer gemaach, fir sech besser opzestellen. An Taiwan huet performant, autonom Rakéiten an och Dronen. Mä et geléngt Taiwan net ganz, seng Arméi ze reforméieren. Trotz den Efforten, grad vun der Presidentin Tsai Ing-wen, fir d’Arméi ze valoriséieren an e professionellen Image u potentiell Rekrutten ze vermëttelen”.
Ofschléissend seet de Vladimir Stolojan-Filipesco: “De Krich an der Ukrain huet gewisen, wat ee Krich am 21. Joerhonnert bedeit. D’Entwécklung an d’Performance vu Waffe wäert e militäresche Facteur sinn an entscheeden, wien de Virdeel huet. Am Fall vun engem Konflikt wäert Taiwan, menger Meenung no, net vill Spillraum hunn. Et wäert sech virun allem tëschent China an den USA ofspillen. An d’Fro ass dann, ob Taiwan laang genuch enger chineesescher Attack ka widderstoen, bis d’Amerikaner hinnen zur Hëllef kommen”.
Ob d’Amerikaner Taiwan aktiv géifen zur Hëllef kommen an a wéi enger Form, bleift awer ofzewaarden. Zwar beseet den Taiwan Relations Act vun 1979, dass Amerika Waffen un Taiwan liwwere kann an och huet de President Joe Biden gesot, dass d’USA géif hëllefen am Fall vun enger Attack. Wéi dat genee ausgesäit, gëtt net gesot a steet deemno an de Stären. Genee sou wéineg kann ee soen, ob a wéini an ënnert wéi enge Konditiounen eng Attack vu China géif lancéiert ginn. “Eng Preparatioun op deem Niveau kann net ongesi geschéien. Sécher ass awer, dass China dru schafft, fir dës Delaien ze verkierzen. Si gi sech d’Moyenen, fir kuerzfristeg kënnen ze agéieren, zum Beispill duerch d’Militariséierung vun hirer Garde de Côte oder Fëscherbooter. Et si logistesch Kapazitéiten déi ee brauch, déi een net ausser Uecht loosse kann. Egal wéi bräicht China e puer Méint Virlafszäit (...) Den Datum vun 2027 gëtt ëmmer nees vu verschiddene Sourcë genannt, ma taucht a kengem offiziellen Dokument ob. Et ass éischter een Datum, bei deem d’Ëmstänn fir China am Favorabelste géife stoen. Bis dohinner kann awer nach vill geschéien”, esou de Vladimir Stolojan-Filipesco weider.