Konsumenteschutz an der EUGeschiedegt Cliente kruten ëm déi 10 Milliounen Euro vu Betriber ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Zejoert hunn déi europäesch Konsumentenzenteren dofir gesuergt, dass geschiedegt Clienten Payementer vu knapp 10 Mio.€ vun Entreprisen ausbezuelt kruten.

Bei de ronn 118.000 Ufroen ass et ëm Retarde vu Fligere gaangen, iwwerdeiert Vakanzenhaiser oder gefälschte Concertskaarten. An a ville Fäll hätt d’Berodung an den Zentren dofir gesuergt, dass Clienten iwwerhaapt mol net hu musse bezuelen. Zum Beispill, wa Leit aus enger sougenannter Abonnements-Fal konnte gerett ginn.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO