Trotz schaarfer KritikGrenzen zu Däitschland bis de 15. Mee zou, LCGB, OGBL an Henri Kox reagéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Grenze bleiwen zou, bis de 15. Mee. Den däitschen Inneminister Seehofer wëll d'Grenzkontrolle bäibehalen, dat trotz schaarfer Kritik.

Déi Kontrolle wären “Deel vum Erfolleg, deen ee bis ewell gehat hätt”. Virun allem d’Grenzregiounen – jo och déi Lëtzebuergesch-Däitsch – kloen iwwer d’Belaaschtung.

Grenzen zu Däitschland bleiwe bis de 15. Mee zou
D’Grenze bleiwen zou, bis de 15. Mee. Den däitschen Inneminister Seehofer wëll d’Grenzkontrolle bäibehalen, dat trotz schaarfer Kritik.

Eng Rei CDU-Politiker an och SPD-Politiker, dorënner d’Malu Dreyer, Ministerpresidentin a Rheinland-Pfalz, hunn de Seehofer opgefuerdert, datt no iwwer 7 Woche misst Schluss si mat de Kontrollen. Mä déi däitsch Regierung bleift bei hirer Meenung.

An de Grenzregioune wiisst iwwerdeems de Widderstand géint d’Kontrollen. Frontaliere stinn all Dag stonnelaang am Stau. Famillje sinn ausernee gerappt an d’Geschäfter maache manner Ëmsaz.

Fir den Europadag e Samschdeg sinn op e puer Plaze Protestaktioune geplangt.

Vun de belschen Autoritéite gouf bis ewell nach keen Datum genannt, wéini een d’Kontrollen op de Grenze géif ophiewen. Esou kann een dovunner ausgoen, datt déi nach bleiwen, bis se offiziell zeréckgezu ginn.

D’Lëtzebuerger Politik verhandelt dann och vill mat de franséische Kolleegen. Bis ewell gouf do awer keen Accord fonnt. En Donneschdeg de Mëtteg war et dann d’Annonce, datt Frankräich d’Mesuren un de Grenzen emol bis op d’mannst de 15. Juni wéilt verlängeren.

LCGB: “EU, eent vun den éischten Affer vun der Gesondheetskris”

Och den LCGB schreift een Dag virum Europadag um 9. Mee, Europa wier ee vun den éischten Affer vun der sanitärer Kris. D’Gewerkschaft rifft zur direkter Reouverture vun de Grenzen op oder op d’mannst e Plang fir déi Reouverture ze preparéieren. Donieft freet den LCGB ee grenziwwerschreidend Konzept, fir d’Kontroll vu Pandemien, ee gemeinsame Konjunkturplang an ee staarkt Signal géint Populismus a Nationalismus.

PDF: Schreiwes vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO