
Am Norde vu Schweden gouf et eng spektakulär Decouverte vu seelenen Äerden. Sou vill vun de rare Metaller op enger Plaz gouf bis ewell nach néirens an Europa fonnt. Dat huet de staatleche schwedesche Miniersgrupp LKAB en Donneschdeg matgedeelt. Deemno hätt de Betrib bei senger Eiseminière zu Kiruna iwwer 1 Millioun Tonne Metaller entdeckt.
“Dëst ass eng gutt Nouvellen, net just fir d’LKAB, fir d’Regioun, fir déi schwedesch Populatioun, mä och fir Europa an d’Klima”, seet de CEO vu LKAB Jan Moström. Déi “seelen Äerd” gëtt aktuell net an Europa ofgebaut, mä gëtt aus anere Regiounen importéiert an de Bedarf no dëse Metaller ass ëmmer weider geklommen. Wéi et vum CEO vun LKAB weider heescht, wier dës Decouverte e Grondstee vun der europäescher Onofhängegkeet vu Russland a China a puncto Selbstversuergung an der EU.
Zu de seelenen Äerde gehéieren eng ganz Rei metallesch Elementer, déi ënnert anerem fir d’Batterie vu Smartphonen an Elektroautoe gebraucht ginn. Ofgebaut wäerten dës awer eréischt an e puer Joer ginn. Aktuell rechent een domadder, datt ee fréistens 2038 domadder ufänke kann.