
Den 1. Januar ass d’Transitiounsperiod nom Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun nämlech eriwwer a sou lues weist sech den Eescht vun der Situatioun. D’Schlaange vu de Camionen zu Folkestone an Dover sinn zu dësem Ament scho remarkabel.
Vum nächste Joer u kéint et dann och sinn, dass d’Englänner net méi sou einfach an d’EU areese kënnen. Engersäits wéinst den europäeschen Areesbestëmmungen an anerersäits wéinst de Restriktioune duerch d’Pandemie. Et kéint een dann nëmmen nach an d’EU areesen, falls et wierklech noutwenneg wier. Mat engem Pass, deen nach op d’mannst 6 Méint laang gülteg ass an d’Britten misste sech nach eng extra Assurance huelen, vue dass hir “European Health Insurance Card” dann och net méi gëllt. Ausserdeem bréichte se fir a verschidde Länner mam Auto en internationale Führerschäin an eng gréng Kaart mat der Assurance.
Déi gréisste Problemer, a mat dee gréisste Knackpunkt an de Verhandlunge mat Bréissel, bleiwen den Accès fir d’Fëscher, d’Subventioune fir d’Entreprisen a wéi en neien Deal ze kontrolléieren an auszeschaffe wier.
Europäer a Groussbritannie musse bei engem No-Deal ufroen, fir kënnen do wunnen ze bleiwen. Et ginn 2 verschidde Formulairen: een, wann ee manner wéi 5 Joer an der UK gewunnt huet an een, wann et méi eng kuerz Dauer war.
Op der Insel besteet dann awer och Hoffnung, wat de Covid-19 ubelaangt. En Dënschdeg war de groussen Dag, op dee laang gewaart gouf: déi eischt Leit aus der Bevëlkerung kruten de Vaccin. D’Madamm Margarete Keenan, 90 Joer al, war deen éischte Mënsch weltwäit, déi de Vaccin géint d’Longekrankheet vun de Pharmakonzerner Pfizer a Biontech krut. A Groussbritannien gi prioritär Leit an den Altersheemer geimpft. Persounen, déi iwwer 80 Joer hunn an déi, déi am Gesondheetssecteur schaffen. Eleng en Dënschdeg sinn dausende vu Leit geimpft ginn. En Donneschdeg ass du bekannt ginn, dass Persounen, déi mat schlëmmen Allergien geplot sinn, sech léiwer nach net sollen impfe loossen, well bei verschidde Persoune Reaktiounen opgetratt sinn. Bis Enn dës Mounts solle bis zu 4 Milliounen Awunner de Vaccin kritt hunn.
