D’Elizabeth Alexandra Mary ass den 21. Abrëll 1926 zu London als Niess vum Kinnek Edward VIII op d’Welt komm. Wéi dësen ofgedankt huet, war kloer, datt d’Elizabeth d’Trounfollgerin wier a gouf an den nächste Jore systematesch op hir zukünfteg Roll virbereet. De 6. Februar 1952 ass hire Papp, de Kinnek George VI., no laanger Krankheet gestuerwen. Déi jonk Prinzessin war dee Moment mat hirem Mann am Kenia, wou si mat nëmme 25 Joer zu Kinnigin proklaméiert ginn ass.
Wéi den Edward 1936 ofgedankt huet an hire Papp, den George VI., Kinnek ginn ass, war kloer, datt d’Elizabeth d’Trounfollgerin wier. An den nächste Joren ass si systematesch op hir zukünfteg Roll virbereet ginn. Als Staatscheffin, net nëmme vu Groussbritannien, mä och vu 16 weidere Staaten, hat si trotzdeem nëmme wéineg Pouvoir. Zu hire Representatiounsflichte huet ënnert anerem déi alljärlech Ouverture vum Parlament am “House of Lords” zu London gehéiert. Ma 70 Joer um Troun - virun dësem Verdéngscht weise vill Britte grousse Respekt.
Zu Éiere vun der Queen hirem Trounjubiläum ginn 2022 eng sëllege Festivitéiten uechter ganz Groussbritannien an de Commonwealth organiséiert. Visiteure kréien d’Méiglechkeet, der Queen hir private Residenze vu Sandringham a Balmoral ze besichen an all d’Awunner sinn opgeruff, hir eege Stroossefeieren z’organiséieren. D’Haaptattraktioun vun de Festivitéiten ass dann awer den éischte Weekend am Juni. Nieft engem Concert am Buckingham Palace wäert hei och eng grouss Parad organiséiert ginn.
Den Optakt mécht am Mee eng Reitshow mat 500 Päerd zu Windsor, wou d’Queen wéi ëmmer déi royal “Horse Show” ausriicht. Si hofft, datt de Jubiläum “eng Geleeënheet fir Mënschen iwwerall ass, e Gefill vu Solidaritéit z’empfannen”, esou hat si an hirer Chrëschtried gesot. Déi grouss Feier fält dann zesumme mam offizielle Gebuertsdagsfest den 2. Juni, zu deem traditionell d’Parad “Trooping the Colour” am Zentrum vu London ofgehale gëtt. D’Parad - ugefouert vun der Queen an anere Royals - hat duerch d’Pandemie schonn zwee Mol missen ausfalen.
E weideren Héichpunkt vun de Feierlechkeeten ass e vun der BBC organiséierte Live-Concert de 4. Juni mat Dausende Spectateuren a “e puer vun de gréisste Prominente vun der Welt”. Dobäi sollen déi bedeitendst Momenter aus 70 Joer Kinnigin Elizabeth II gefeiert ginn. Den Ofschloss vum royale Festival ass dann de 5. Juni mam grousse Stroossefest an der brittescher Haaptstad an enger Prozessioun mat 200 Fändelen aus Seid, op deene vu Konschtwierker vu Kanner zum Theema Klimawiessel gemoolt sinn.
Wéi wichteg dem brittesche Kinnekshaus antëscht d’Theema Ëmweltschutz ass, weist d’Aktioun “The Queen’s Green Canopy”, mat där Mënschen am ganze Land opgeruff ginn, Beem ze planzen. An och datt si trotz 70 Joer gewëssenhafter Flichterfëllung ëmmer nach Humor huet, beweist si mat der Ausschreiwung vun engem Concours fir dat bescht Dessert-Rezept - dem “Platinum Pudding Recipe”.
D’Queen gehéiert fir vill Leit a Groussbritannien ontrennbar zu den Inselen, dat beweise rezent Chifferen. Laut enger Etüd vu YouGov aus dem Joer 2021 hu ronn 76% vun de Britten eng positiv Meenung iwwert d’Queen.
Trotz der feierlecher Stëmmung a Groussbritannien maache sech vill Leit awer och Suergen ëm der Kinnigin hir Gesondheet. Sou huet si dëse Wanter hir Presenz bei ville wichtegen Evenementer, sou ewéi der COP26-Klimakonferenz zu Glasgow missen ofsoen. Donieft huet si am Oktober eng Nuecht am Spidol verbruecht. An och den Doud vun hirem Mann, dem Prënz Philip, am Abrëll d’lescht Joer, hat si schwéier getraff. Et ass dofir och nach onkloer, u wéi enge Jubiläumsfestivitéiten d’Queen tatsächlech wäert deelhuelen.
Kuerz virun hirem 70. Anniversaire um Troun huet si awer elo wësse gedoen, dass si sech fir hir Nofolleg wënscht, dass hir Schnauer Camilla “Queen consort” gëtt, wann hire Fils de Prënz Charles Kinnek gëtt. Obschonn et bis ewell Traditioun war, dass d‘Frae vu Kinneken och Kinnigin gi sinn, war dat beim Camilla laang ëmstridden, well si an der Ëffentlechkeet laang d‘Schold krut fir d‘Enn vum Mariage tëscht dem Charles an dem Diana.