
Via Social Medien hate sech Leit zesummegedoen, fir e Samschdeg zu ronn 800 zu Innsbruck géint déi aktuell Corona-Mesuren ze demonstréieren, ouni Mindestofstand an ouni Mask. D’Police huet intervenéiert. Änlech Demonstratioune gouf et och zu Graz an zu Linz.
D’Silvester-Nuecht war am Verglach zum Joer virdru roueg. Ma esou ganz ouni Tëschefäll ass et awer net gaangen. Am Ganze goufen et 63 Asätz an a ronderëm d’Stad Innsbruck. Virun allem hu Leit awer Knupperte lassgelooss oder d’Covid-Moossnamen net agehalen.
Weiderhi fir intensiv Diskussioune suergt d’Ouverture vun de Gondelen a Schilifter fir d’Awunner, trotz haardem Lockdown. De 24. Dezember si vill Schigebitter an Éisträich nees opgaangen a ware vum 1. Dag u gutt besicht. Dëst huet a villen Uertschafte fir massive Stau gesuergt. Plazeweis huet d’Police missen de Verkéier reegelen an a verschiddenen Uertschafte jiddereen, deen net aus der Ëmgéigend kënnt, erëm heemgeschéckt.
Och Biller vu Semmering, engem bekannte Schigebitt, hu fir vill Opreegung gesuergt. Well den Undrang virun de Lifter a Gondelen esou grouss war, war dat komplett Gebitt no kuerzer Zäit iwwerfëllt. Och hei huet d’Police duerchgegraff an nëmmen nach Leit, déi do wunnen, op d’Pist gelooss. De Gesondheetsministère warnt, d’Lifter kéinte ganz gespaart ginn.
De Gesondheetsminister Rudolf Anschober vun de Gréngen huet ausserdeem betount, dass d’Police verstäerkt Kontrolle mécht, fir ze kucken, ob déi virgeschriwwe Reegele vum Mindestofstand an d’Mask agehale ginn. Wann dat net sollt de Fall sinn, mussen déi betraffe Persounen heem. An och dem Vizekanzler Werner Kogler no sollen d’Gondelen an d’Lifter besser kontrolléiert ginn.
Den aktuelle Lockdown soll den 18. Januar eriwwer sinn. Da sollen d’Geschäfter, d’Hoteller an d’Horesca-Betriber nees hir Dieren opmaachen. Jiddereen, deen en negativen Test virweise kann, duerf erëm virun d’Dier.