
Op där Plaz, op där am Dezember nach de Weltklimasommet war, goufen iwwer 4.000 Patiente behandelt, vun deenen déi grouss Majoritéit d’Spidol erëm “gesond” konnt verloossen. Dorënner och eng Fra vun 103 Joer.
Déi spuenesch Regierungscheffin Isabel Diaz Ayuso ass optimistesch, datt d’Land ni méi e provisorescht Spidol méi an den Ausstellungshalen an der Haaptstad muss opmaachen.
De Gesondheetssystem zu Madrid wier nämlech schonn am Gaang, reforméiert a moderniséiert ze ginn.
