
D’Situatioun huet sech nach emol däitlech verschäerft.
D’Zil wier elo, vum 8. Februar un de Commerce a Muséeën ënnert strenge Sécherheetsmoossnamen nees opzemaachen. Allerdéngs missten déi dagdeeglech gemellten Neiinfektiounen däitlech reduzéiert ginn.
Zu Wien sinn e Samschdeg iwwerdeems ronn 10.000 Leit géint d’Corona-Mesuren op d’Stroosse gaangen. Dorënner och vill Vetrieder vun der rietser Zeen, déi sech net un d’Hygiènesmesurë gehalen hunn.