
Den Edan Alexander gëtt elo vum Roude Kräiz aus Gaza eraustransportéiert an dem israeelesche Militär iwwerginn.
An der Militärbasis Re’im gëtt hien da medezinesch betreit. Zesumme mat senger Famill soll hien dann an e Spidol zu Tel Aviv bruecht ginn. Anescht wéi bei anere Geisele soll d’Privatspär an enger éischter Phas geschützt ginn.
Schonn e Méindeg de Moien hat den arméierten Aarm vun der Hamas, d’Essedin-al-Kassam-Brigaden, op Telegram annoncéiert, datt den 21 Joer alen Edan Alexander am Laf vum Dag fräikéim. Den israeelesche Regierungschef Netanjahu hat iwwerdeem eng Wafferou am Géigenzuch fir déi ugekënnegt Fräiloossung vun der Geisel ausgeschloss.

D’Hamas hat schonn e Sonndeg no Gespréicher mat US-Regierungsvertrieder am Katar annoncéiert, den US-Israeeli, deen zanter méi wéi annerhallwem Joer als Geisel festgehale gëtt, fräizeloossen. D’Iwwergab sollt ouni ëffentlech Zeremonie oflafen, hat et weider aus Hamas-Kreesser geheescht. D’Islamiste wieren deemno vun de Vermëttler informéiert ginn, datt d’israeelesch Arméi hire Militärasaz e Méindeg am Virmëtteg e “séchere Korridor” fir d’Iwwergab vun der Geisel géing opmaachen.
Den israeelesche Regierungschef Netanjahu hat virdru betount, datt et weder eng Wafferou nach en Austausch vu Geisele géint an Israel inhaftéiert Palästinenser géing ginn. D’Verhandlungen iwwer eng Eenegung fir d’Fräiloossung vun alle Geiselen an der Gazasträif géingen “ënner Beschoss” stattfannen, huet den Netanjahu erkläert. Israel géing sech weiderhin op eng “Intensivéierung vun de Kämpf” virbereeden.