Kapazitéiten um Limitt ukommHanau lagert Corona-Doudeger a Killcontainer

RTL Lëtzebuerg
D'Doudeszuelen a Verbindung mam Covid-19 klammen an Däitschland staark. Deels ass keng Plaz méi an der Morgue vun de Spideeler, fir d'Läichen ze lageren.
Et handelt sech hei ëm keng Foto vum Killcontainer zu Hanau.
Et handelt sech hei ëm keng Foto vum Killcontainer zu Hanau.
© AFP (Archiv)

An Hessen huet d’Stad Hanau elo missen op ee gekillte Container zeréckgräifen, fir zwee Verstuerwener ënnerzebréngen. An de Klinicken ass dofir keng Plaz méi, sou de Buergermeeschter Claus Kaminsky.

De Killcontainer steet um zentrale Kierfecht vun Hanau. Déi zwou Persounen, déi hei gelagert ginn, sinn am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

De Buergermeeschter huet iwwerdeems och nach vun enger Verschäerfung vun der Lag an der Corona-Pandemie geschwat. Op Twitter huet hie geschriwwen: “Et ass déiftraureg, dass mir an dëser fuerchtbarer Situatioun sinn, ma et ass gutt, dass mir schonn esou fréi Preparatiounen dofir getraff hunn.” De Killcontainer war schonn am Abrëll dëst Joer opgestallt ginn, awer bis ewell nach net genotzt ginn.

De Main-Kinzig Krees, an dem och Hanau läit, kënnt dem RKI no aktuell op een Inzidenz-Wäert vun 265,1 an de leschte siwen Deeg.

Back to Top
CIM LOGO