3 Joer Krich an der UkrainHannert den Zuele verstoppe sech Milliounen un Eenzelschicksaler

Jeannot Ries
E Méindeg ginn et 3 Joer, datt russesch Truppen d'Ukrain iwwerfall hunn.
3 Joer Krich an der Ukrain
Zanter hier sinn op béide Säiten honnertdausenden Zaldote gefall, respektiv goufe blesséiert.

Zanter hier sinn op béide Säiten honnertdausenden Zaldote gefall, respektiv goufe blesséiert. Präzis zouverlässeg Zuele ginn et kéng. Et kéinten der an Tëschenzäit iwwer eng Millioun sinn. Der UNO no si bis elo an der Ukrain op d’mannst 12.500 Zivilisten ëm d’Liewe komm. Iwwer 50.000 Mënschen si vermësst gemellt. Een Ukrainer vu 4 ass op der Flucht. Zuelen hannert deene sech all Kéiers eenzel Schicksaler verstoppen.

Den Nazari, Kommandant an der ukrainescher Arméi, kämpft mat senge Leit un der Front bei Pokrowsk. Déi 61 Joer al Iryna huet Hab a Gut verluer. D’Dasha huet hire 4 Joer ale Fils an Däitschland a Sécherheet bruecht, iert si sech als Doktesch an d’Arméi engagéiert huet. Den Ivan huet desertéiert, well en un der Front den Drock net gepackt huet. D’Yulia gouf um Kapp vun engem Splitter vun engem Missile getraff.

De Krich huet d’Liewe vu Milliounen Ukrainer op d’Kopp gehäit. Mënschen déi fir d’Liewe markéiert bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO