
D’Presidentschaftskandidatin vun den Demokraten, d’Kamala Harris, schéngt mam Thema vun der kierperlecher Gesondheet vun de Kandidate géint hire Konkurrent Donald Trump am US-Walkampf wëllen ze punkten. D’Wäisst Haus huet nämlech e medezinesche Rapport vun der Vizepresident hirem Dokter Joshua Simmons verëffentlecht.
Dësem Rapport no wier déi 59 Joer al Harris bei beschter kierperlecher Gesondheet. Si wier geeschteg a kierperlech fit genuch, fir d’Flichte vun engem amerikanesche President ze erfëllen. Weider heescht et, dass bei der Vizepresidentin hirer leschter medezinescher Kontroll am Abrëll keng Opfällegkeete festgestallt gi wieren. Si hätt gewéinlech saisonale Allergien am eng Urticaire, déi mat Medikamenter géife behandelt ginn. Ausserdeem wier si liicht kuerzsiichteg a géif deementspriechend Kontaktlënsen droen.