Parallel dozou geet awer och d’Sich weider no méigleche Medikamenter oder Therapien, déi géifen dozou bäidroen, de Stierflechkeetstaux ze senken oder de Krankheetsverlaf ze erliichteren, bis een e Vaccin hätt. Wëssenschaftler zu Paräis maachen elo an deem Sënn och Experimenter mat Nikotin.
Franséisch Wëssenschaftler maachen den Ament Tester mat Nikotin-Patchen u Patienten, awer och um Gesondheetspersonal. De Verdacht läit no, dass déi Substanz d’Eegenschaft hätt, eng Virusinfektioun hëllefen ze verhënneren.
An den Tester mat de Patchen agebonne sinn och Patiente vun Intensivstatiounen. Et geet drëms erauszefannen, ob sech hir Symptomer verschlechteren oder ob ee kann eng Besserung notéieren.
Fuerscher a China deelen de Raisonnement, dass de COV-SARS-2 d’Eegenschaft huet, eben net nëmmen d’Longen z’attackéieren, mä och den Nervesystem am Kapp, dohier de Verloscht vum Geschmaach. Nikotin kéint do e Blockage si fir de Virus. Seng Rezeptore spillen zum Beispill och eng Roll bei der Tollwutinfektioun.
D’Experte warnen awer elo ausdrécklech virun Hamsterkeef an den Apdikten oder Tubaksbutteker. Nikotin-Patchen hu keng där Geeschterbunnsbiller vun den Zigarettepäck, sinn awer och geféierlech.
A Frankräich stierwen all Joer 70.000 Mënsche un de Suitte vum Fëmmen. Bei Covid-19 waren et der bis haut ronn 25.000.
