
Eigentlech sollten d’Restriktiounen den 19. Januar opgehuewe ginn. Den hollännesche Premier Rutte sot en Dënschdeg, datt dat net méiglech wier. De Virus, a besonnesch déi mutéiert Versioun aus Groussbritannien, géif sech den Ament nämlech ganz séier an Holland verbreeden.