
Schonn e Freideg den Owend hat de Rutte géigeniwwer Journaliste gesot, dass et tëscht de 4 Parteie vun der Regierungskoalitioun e Sträit iwwer d’Migratiounspolitik géif ginn, an dass ee wuel kee Kompromëss tëscht deene verschiddene Positioune fanne géif.
D’Mëtt-Riets-Partei VVD hat streng Reegele fir Asyldemandeure virgeschloen a gedreet, d’Regierung ze verloossen, wann déi vum Rutte proposéiert Moossnamen net ugeholl géife ginn. Konkret hat de Rutte gefuerdert, dass Famillienzesummeféierungen fir Krichsflüchtlinge sollen erschwéiert ginn.
Déi chrëschtdemokratesch Partei Christen Unie huet erkläert, si kéint mat dem Rutte senger Propos net liewen. Och d’Mëtt-Lénks-Partei D66 vun der Finanzministesch Sigrid Kaag huet d’Fuerderunge Berichter no refuséiert.
Déi hollännesch Regierung streit zanter hirer Zesummesetzung virun annerhallwem Joer iwwert dat Thema.
Deemno stinn elo an Holland Neiwalen un. Dës solle fréistens Mëtt November stattfannen. De Mark Rutte huet dann och annoncéiert, dass hie bis dohi kommissaresch am Amt bleiwe wäert.