
Zu Urk, 80 Kilometer vun Amsterdam ewech, hunn e puer Dose Leit géint d’Mesuren demonstréiert. Si hu Steng a Knupperten op d’Beamte geworf a Police-Autoen demoléiert. Jugendlecher sollen donieft e Corona-Zenter a Brand gesat hunn. Zwou Persoune goufe festgeholl, e puer Dose Protokoller goufe geschriwwen.
D’Police an d’Gemeng hu sech schockéiert iwwert den Ausmooss vun de Protester gewisen. De Fait, e Corona-Zenter a Brand ze setzen, wier “net nëmmen inakzeptabel, mee och e Schlag an d’Gesiicht vun de lokale Gesondheetsautoritéiten, déi an dëser Teststatioun all Méigleches maachen, fir de Mënschen zu Urk ze hëllefen.”
Zu Ausenanersetzunge koum et och am Süde vum Land. D’Police huet zu Stein missen intervenéieren, well iwwer 100 Leit illegal zesumme gefeiert hunn.
Am ganze goufen an der Nuecht op e Sonndeg iwwer 3.600 Protokoller verdeelt, 25 Persoune goufe festgeholl.
Wie sech net un de Couvre-feu hält, muss an Holland mat engem Geldstrof vu 95 Euro rechnen. Tëscht 21 Auer owes a 4.30 Auer moies dierf kee seng Wunneng verloossen. Ausname gëlle fir Leit, déi mussen op d’Aarbecht fueren oder anerer fleegen.
