
D’Autoritéiten hate viru Chrëschtdag 420 Gäscht aus Groussbritannien identifizéiert, déi hu mussen a Quarantän. Eng 50 sinn doropshin direkt ofgereest. A vun deenen 370, déi nach iwwreg bliwwe sinn, wieren der e Sonndeg de Moien nach manner wéi eng Dosen do gewiescht. Verschiddener hätte sech antëscht aus Frankräich gemellt, sou de Jean-Marc Sandoz, Spriecher vun der Gemeng Bagnes, zu där Verbier gehéiert, der Noriichtenagence DPA géintiwwer.
D’Quarantän war stënterlech a virun allem réckwierkend agefouert ginn, nodeems bekannt gouf, dass a Groussbritannien eng nei a wesentlech méi ustiechend Variant vum Coronavirus sech verbreet.
Den 21. Dezember gouf decidéiert, dass alleguer d’Leit, déi zanter dem 14. Dezember agereest waren, réckwierkend fir 10 Deeg vum Dag, wou se ukomm sinn, missten a Quarantän goen.
