
Nach bis e Sonndeg soll d’Populatioun d’Méiglechkeet hunn hiert d’Bäileed op déi Manéier auszedrécken.
De Jacques Chirac ass en Donneschdeg am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
RTL NES: Fréiere franséische President Jacques Chirac gestuerwenDen aktuelle President Emmanuel Macron sot en Donneschdeg den Owend an enger Televisiounsusprooch, dass Frankräich ee grousse Staatsmann verluer huet. E Méindeg ass a Frankräich een nationalen Trauerdag souwéi eng feierlech Mass an der Kierch Saint-Sulpice zu Paräis.
Den Eiffeltuerm ass en Donneschdeg den Owend am Gedenken un de Politiker däischter bliwwen.
De Chirac huet déi franséisch Politik iwwer 4 Joerzéngte markéiert. Vun 1995 bis 2007 souz hien am Elysée. Politiker aus dem In- an Ausland hunn d’Verdéngschter vum fréiere franséische President gewierdegt. De Jacques Chirac war och iwwer vill Jore Buergermeeschter vu Paräis.