
An den italieenesche Regiounen Emilia-Romagna an an de Marken ginn et weiderhi schwéier Onwieder. No staarkem Reen ass et an de Gebidder un der Adriaküst zu deels dramateschen Iwwerschwemmunge komm. Op d’mannst zwee Mënsche sinn dobäi zu Forlì a Cesena ëm d’Liewe komm, wéi d’Noriichtenagence Ansa mellt. Ee Mann soll deemno wärend den Iwwerschwemmungen um Rez-de-chaussée vu sengem Haus gewiescht an dobäi erdronk sinn.
Eegenen Informatiounen no goufen déi italieenesch Pompjeeën zanter en Dënschdeg de Moien op 600 Asätz geruff a ware mat 400 Secouristen op der Plaz. Vill Awunner hu missten aus hiren Haiser oder Autoe virun de Flute gerett ginn. Zu Cesena, wou de Floss Savio iwwer d’Ufer getrueden ass, hunn d’Secouristen Dosende vu Mënsche gerett, déi op Diech festsouzen.
Honnerte Mënschen hunn zanter en Dënschdeg missten a Sécherheet bruecht ginn, well d’Flëss oder d’Baache wéinst dem staarke Reen iwwer d’Ufer trieden oder op d’mannst riskéieren, iwwerzetrieden. Nieft de Schoulen, déi zoumaachen, goufen och d’Zuch- a Bunnverbindungen annuléiert.
D’italieenesch Ministerpresidentin huet mat Bléck op d’Situatioun sur place de betraffene Mënschen hir “ganz Solidaritéit” ausgeschwat. “D’Regierung suivéiert d’Entwécklung vun den Evenementer opmierksam an ass prett, déi noutwenneg Hëllefsmesuren z’ergräifen”, huet d’Giorgia Meloni op Twitter geschriwwen.