
Der ukrainescher Vize-Regierungscheffin no wieren um Sonndeg nees 7 Fluchtkorridoren ageriicht ginn. Fir e Sonndeg wieren dës fir d’Stied Kiew, Charkiw a Mariupol virgesinn. Fir d’Mënsche stéinge Busser prett a Mariupol kéint een och mam Auto verloossen. Donieft sollen Transportméiglechkeete fir Mënschen, déi schonn zu Fouss ënnerwee sinn, organiséiert ginn. Ronderëm Kiew sollen och eenzel Dierfer evakuéiert ginn an d’Mënschen an d’Groussstad Browary bruecht ginn, wou Busser fir de Weidertransport waarden. Aus Charkiw sollen humanitär Hëllefsgidder wéi Liewensmëttel a Medikamenter an d’Uertschaften an der Géigend bruecht ginn.
Duerch Loftattacke gouf zu Mariupol ee vun de gréisste Stolwierker an Europa schwéier beschiedegt. D’Deputéiert Lesja Wasilenko huet op Twitter e Video publizéiert, op deem hir no eng Explosioun am Wierk vum Asowstal-Grupp weist a warnt viru schwéieren Ëmweltschied. De Generaldirekter vun Asowstal huet awer erkläert, datt am Viraus Mesurë geholl gi wieren, fir Ëmweltschied am Fall vun enger Attack ze limitéieren.
Dem tierkeschen Ausseminister no kéime sech Russland an d’Ukrain a kritesche Punkte méi no. Bei verschidden Theeme géing et bal eng Eenegung ginn, sot den tierkeschen Ausseminister der Dageszeitung “Hürriyet”. Hie géing op eng Wafferou hoffen, am Fall datt et bei de Gespréicher tëscht béide Länner keng Réckschléi géing ginn an déi aktuell Progrèse fir näischt waren.
Moskau mellt den 2. Asaz vun Hyperschall-Rakéiten. Mat Rakéite vum Typ Kinschal wier dës Kéier e Lager fir Pëtrol- a “Schmierstoffer” vum ukrainesche Militär an der Region Mykolajiw zerstéiert ginn. Dat huet de russesche Verdeedegungsministère um Sonndeg selwer matgedeelt. De Militärstëtzpunkt wier aus dem Loftraum iwwert der vu Russland annektéierter Krim attackéiert ginn. Donieft hätte sougenannte “Kalibr-Marschfluchkierper” Reparatiouns-Atelieren fir ukrainesch Panzer getraff. Eréischt um Freideg hat Russland gemellt den neien Hyperschall-Waffesystem déi éischte Kéier an den Asaz bruecht ze hunn. D’Informatioune loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen.
Zu Mariupol gouf eng Konschtschoul vu russeschen Zaldote bombardéiert. 400 Mënschen hätten an der Schoul Schutz gesicht, dorënner Fraen, Kanner an eeler Persounen. D’Gebai wier um Samschdeg zerstéiert ginn. Nach ëmmer géinge Mënschen ënnert dem Gestécks leien an et ginn nach keng Informatiounen iwwer méiglech Affer. D’Stad Mariupol mécht russesch Truppen fir d’Attack responsabel. D’Informatioune loosse sech awer net onofhängeg iwwerpréiwen.
Datt fräiwëlleg Kämpfer aus Groussbritannien op enger ukrainescher Militärbasis waren, kéint de Grond fir eng Rakéitenattack vun der russescher Arméi sinn. Dat mellt d’brittesch Zeitung “The Telegraph”.
Bei de Bombardementer vun 30 russesche Rakéiten op engem Stëtzpunkt bei Jarowiw e puer Kilometer vun der polnescher Grenz ewech, koumen den 13. Mäerz op d’mannst 35 Persounen ëm d’Liewen. Ënnert den Doudege sollen och dräi fréier brittesch Zaldote gewiescht sinn, déi do fräiwëlleg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain am Asaz waren.
Wéi den “Telegraph” mellt, wiere virop um Stëtzpunkt op d’mannst 14 Handye lokaliséiert ginn, deenen hir Nummere mat +44 fir Groussbritannien ufänken. Aus brittesche Sécherheetskreesser heescht et deemno, datt vum Kreml agesate Söldner-Gruppe virun der Attack an der Géigend waren an d’Erkennung vun den Nummeren un de russesche Geheimdéngscht weiderginn hunn.
Bei Bombardementer vun engem Appartementshaus zu Charkiw am Oste vun der Ukrain sinn op d’mannst 5 Mënschen ëmkomm, dorënner en néng Joer ale Bouf. D’Gebai, dat an der Géigend vun enger Industriezon ass, wier an der Nuecht op e Sonndeg beschoss ginn an hätt Feier gefaangen, deelt d’Police mat. Eng Foto weist den Ausmooss vun der Zerstéierung vum Haus.
Méi wéi 6.600 Mënschen hätten um Samschdeg iwwert d’Fluchtkorridoren an der Ukrain virun de Bombardementer a Sécherheet bruecht kënne ginn. Dorënner wieren eng 4.128 Mënschen aus der belagerter Hafestad Mariupol gewiescht. Weider 1.820 Flüchtlingen hätten esou d’Haaptstad kënne verloossen.
No der russescher Rakéitenattack op eng Kasär zu Mykolajiw goufen op d’mannst 50 Doudesaffer aus dem Gestécks gebuergen. Um Terrain hätten am Ganzen eng 200 Zaldote geschlof, wéi d’Rakéiten ageschloe sinn. Eng 60 Blesséierter koumen an d’Spideeler an der Géigend. Wéi de Buergermeeschter vu Mykolajiw mellt, wier den Iwwerfall aus der direkter Ëmgéigend komm, wouduerch et net méiglech war, rechtzäiteg den Alarm auszeléisen.
Zu Tschernihiw schwätzt de Buergermeeschter vun enger katastrophaler Situatioun. An engem dramateschen Appell huet hien op déi prekär Lag an der nordukrainescher Stad higewisen, déi vu russeschen Truppe belagert gëtt. Et géing een den Ament an der Stad eng humanitär Katastroph erliewen. D’Bombardementer vu Wunnquartiere géinge riicht weidergoen, et géing kee Stroum, kee Waasser a keng Heizung méi ginn - “d’Infrastruktur vun der Stad ass komplett zerstéiert”. An och d’Spideeler vun der Stad ginn ëmmer rëm bombardéiert, wouduerch d’medezinesch Versuergung zesummegebrach ass. Donieft gëtt et fir Tschernihiw bis ewell och nach kee Fluchtkorridor.
Iwwerdeem hu belarussesch Zuch-Aarbechter wuel all d’Schinneverbindungen tëscht Belarus an der Ukrain ënnerbrach. De President vun der ukrainescher Eisebunn huet de Kolleegen a Belarus dofir Merci gesot: “Mat dem haitegen Dag kann ech soen, dass et keen Zuchverkéier tëscht Belarus an der Ukrain gëtt”, gouf hie vun der Agence Unian zitéiert. Dëse Schrëtt géing bedeiten, datt d’russesch Truppen an der Ukrain iwwert dës Strecken net méi versuergt kënne ginn a keng Verstäerkung méi kënne kréien. Och e Beroder vun der belarussescher Oppositioun huet op Twitter iwwert d’Aktioun geschriwwen. D’Bunn-Aarbechter wieren “Helden!”, schreift hien op der Online-Plattform. Dëst wier déi bis ewell gréissten Anti-Krichs-Aktioun bei de Bunnen.
An engem Videomessage huet den ukrainesche President sech mat haarde Wierder iwwert d’russesch Krichsverloschter un d’Bevëlkerung a Russland geriicht. Un de Brennpunkte vu besonnesch schwéiere Kämpf wieren déi viischt Ofwierlinne mat Läiche vu russeschen Zaldoten, déi kee bierge géing, “praktesch iwwerlaf”. De Selenskyj kéint verstoen, datt Russland iwwer endlos Reserve un Zaldoten a Militärapparater verfüügt. “Ma ech wëll vun de Bierger vu Russland wëssen: Wat huet ee mat Iech an dëse Jore gemaach, dass Dir Är Verloschter net bemierkt hutt?”. Bis ewell wieren iwwer 14.000 russesch Zaldoten ëm d’Liewe komm.
D’Autoritéiten vu Mariupol mellen, d’russesch Truppen hätten an der leschter Woch e puer Dausend Mënsche mat Gewalt aus der Hafestad verschleeft. D’russesch Zaldoten hätten illegal Mënschen aus dem Quartier Livoberezhniy an aus dem Schutzraum vum Sportsclub verschleeft, wou sech méi wéi Dausend Mënschen, virun allem Fraen a Kanner, virun de Bombardementer verstoppt haten. Och déi russesch Noriichtenagence Tass mellt, dass 13 Busser mat méi wéi 350 Mënschen u Bord a Russland ënnerwee wieren. De russesche Verdeedegungsministère hat dëse Mount 200 Busser fir d’Evakuéierung vun de Bierger aus Mariupol ugekënnegt.
Donieft géingen d’russesch Truppen e Buskonvoi blockéieren, deen Awunner an d’belagert Hafestad soll siche goen. Deemno ginn d’Busser net duerchgelooss, fir an d’Stad ze fueren an d’Chauffere kréie kee Accord, fir do z’iwwernuechten.
An der Ukrain dierfe pro-russesch Parteien net méi schaffen, bis de Krich eriwwer ass. D’Aktivitéite vu Politiker, déi op Kollaboratioun aus wieren an dorop ze splécken, wäerte keen Erfolleg hunn an eng haart Äntwert dofir kréien, esou den ukrainesche President Zelensky an engem Videomessage. Dorënner sinn och 2 Parteien, déi am Parlament vertruede sinn.