
Hien hat d’Zentral mat senger Ekipp besiichtegt an de Bilan fält gemëscht aus. D’Schied duerch déi russesch Attacke wären evident an net akzeptabel, esou de Chef vun der IAEA bei sengem Retour aus der Ukrain um Fluchhafen zu Wien.
Allerdéngs géife wichteg Elementer fir d’Sécherheet ewéi d’Stroumversuergung vum Kraaftwierk funktionéieren. Och d’Zesummenaarbecht tëscht de russeschen Besatzer an dem ukrainesche Personal géif eenegermoosse klappen. Déi gréiss Suerg géif bleiwen: d’Attacke vun de russeschen Truppen.