
Wéi d'Noriichtenagence Reuters e Freideg mellt, ass et Hacker gelongen, an déi zentral Cloud-Plattform "Cloud One" vun der US-Loftwaff anzedréngen.
D'Cyberattack wier am Laf vum leschte Mount bei Moderniséierungsaarbechten um System entdeckt ginn. Wien hannert der Attack stécht, wéi grouss d'Ausmooss dovun ass an ob Donnéeë geklaut goufen, ass bis ewell net gewosst.
Op Nofro vu Reuters wollt d'US-Loftwaff sech net konkret zum Virfall äusseren. Et géife permanent Mesurë geholl ginn, fir d'Informatiounen, d'Systemer an d'Asazfäegkeet vun der Loftwaff ze schützen.
D'Plattform, déi 2017 an d'Liewe geruff gouf, zielt zu de gréisste Cloud-Plattforme vum US-Militär.
Iwwert de System ginn ënnert anerem Personaldonnéeën, Paien, logistesch Informatiounen an Donnéeën iwwer den Entretien vu Militärfligere geréiert. Och Radardonnéeë vun der Loftverdeedegung an Informatiounen iwwer Bommen a Rakéiten op méi wéi 200 Standuerter weltwäit lafen iwwert d'Plattform.
Den Transfert vu weideren Applikatiounen op d'Plattform gouf provisoresch gestoppt. Och Aktualiséierunge vu bestoenden Applikatioune goufe blockéiert, wärend verschiddene Benotzer hir Administrateursrechter verluer hunn.
Enger Quell no hätten d'Hacker eng Sécherheetslacune an enger Software ausgenotzt, fir Zougang zu der zentraler Steierung vun der Plattform ze kréien. Domat hätte si theoretesch Informatiounen iwwer d'Asazbereetschaft vu Militärfligere kënnen ofruffen.
Ob dat effektiv geschitt ass, ass net kloer.
An de leschte Méint goufen an den USA e puer Cyberattacken op staatlech Institutioune bekannt. Dorënner waren ënnert anerem den FBI, de Pentagon, amerikanesch Geheimdéngschter an den US-Finanzministère.