Fir säin 10. Doudesdag huet Kuba dem Fidel Castro geduecht. Virun der Universitéit vun Havanna war e grousst politescht a kulturellt Event opgezu ginn, un deem nieft dem President Miguel Diaz-Canel ënnert anerem och de Premier Manuel Marrero an den Ausseminister Bruno Rodriguez deelgeholl hunn.
D’Feierlechkeete waren eigentlech fir e Mëttwoch ugesat gewiescht, den effektiven Doudesdag vum "Maximo Leader", haten awer wéinst de schlechte Wiederconditioune musse verréckelt ginn op en Donneschdeg.
De Fidel Castro hat 49 Joer laang d’Geschécker vu Kuba geleet a war de 25. November 2016 am Alter vun 90 Joer gestuerwen.
