EU-Budget-Spezialsommet fréizäiteg eriwwerZe grouss Differenzen, fir en zweeten Dag ze verhandelen

Pierre Jans
De Spezialsommet zu Bréissel goung fréizäiteg op en Enn. An der Nuecht war d'Loft eraus an et gëtt keng Suite um Freideg.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Dat ënnersträicht, wéi wäit d'EU-Staats- a Regierungscheffe beim Budget fir 2028 bis 2034 nach auserneeleien. D'italieenesch Premierministesch Georgia Meloni schwätzt vu Liichtjoren.
Gläichzäiteg wëllen d'EU-Memberlänner d'Hoffnung nach net opginn, am Dezember en Accord ze fannen.

Et gouf laang a vill diskutéiert. D'Positioune leie wäit ausernee beim nächste pluriannuelle Budget. Deemno ass et dem Lëtzebuerger Premier Luc Frieden no dat mannst, wat ee ka soen, "dass an den nächste Wochen nach vill Gespréich noutwenneg ass. Ech sinn awer allgemeng der Iwwerzeegung, dass all d'Leadere sech hirer Responsabilitéit bewosst si fir Europa. Mir brauchen e Budget. A fir e Budget brauch et Kompromëssbereetschaft. Mä et war extreem ustrengend elo."

Vereinfacht gesot: e puer Länner ronderëm Däitschland, déi méi abezuelen an d'Bréisseler Dëppen, ewéi si erauskréien, wëllen net, dass dee Budget däitlech an d‘Luucht geet. Dass de Rotspresident António Costa den eigentlechen Entworf vun der EU-Kommissioun schonn ëm 200 Milliarden Euro gekierzt huet, geet virop dem däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz net duer. Doriwwer kann de franséische President Emmanuel Macron awer just de Kapp rëselen. D'EU wëll ekonomesch mathalen an der Welt. Innovativ sinn.

"An dann ass awer kee bereet, déi néideg Investissementer ze maachen fir op der Héicht vun eisen Ambitiounen ze sinn. Wat d'ëffentlech Investissementer ugeet, si mir wäit hannert China an den USA. A wa mir eppes iwwer 200 Milliarden Euro kierzen, da gefält dat mir net. Et ass e strategesche Feeler."

D'Meenunge leien esouwäit auserneen, datt och de pedagogeschen Trick vu Gespréicher a klenge Gruppen näischt bruecht huet.

"Ech ënnerstëtzen d'Aarbecht vum President Costa ëmmer. Et war e Versuch fir a klenge Gruppe méi no beieneen ze fannen. Mä déi Gruppen hunn net richteg beienee gepasst. Dat huet an der Grupp an där ech war, also net zu Progrèse gefouert."

Hie souz do zesumme mat Griicheland, Dänemark, Ungarn a Kroatien zesummen. Niewesaach. Well jiddereen huet national Interessen ze verdeedegen. Lëtzebuerg ass mat den aktuelle Modalitéite vun der Tubakssteier net d'accord. Anerer hunn aner Problemer mat der aktueller Budgetspropositioun. Et goung net virun.

"Ech stelle mech op en intensive Sommet vum 17. Dezember un an. Da musse mir kucken, ob et eis geléngt bis Enn vum Joer en Accord ze fannen. Ech si mir net sécher. Mee ech ginn d'Hoffnung net op", sou den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz.

Méi spéit ewéi Januar gesäit de franséische President Macron sech wéinst de Presidentiellen am Fréijoer net méi legitiméiert en EU-Budget matzedroen. D‘Zäit leeft.

EU-Sommet fréizäiteg eriwwer / Reportage: Pierre Jans

Back to Top
CIM LOGO