
Et géif un internationale Spende feelen. D’Iessenratioune ginn och elo scho fir d’zweete Kéier bannent engem Joer gekierzt, sou de Welternärungsprogramm vun de Vereenten Natiounen WFP, deen dëst Joer de Friddensnobelpräis kritt hat.
Am afrikanesche Land hu bal 1,3 Millioune Mënschen en Ënnerdaach kritt, virun allem aus dem Südsudan, Kongo a Burundi. Bis ewell si beim WFP awer just d’Hallschent vun deene Suen erakomm, déi fir déi néidegst Ënnerstëtzung gebraucht ginn.
Schonn am Abrëll dëst Joer goufen d’Iessensratioune gekierzt. Mat der neier Rationéierung géifen déi betraffe Mënschen nëmmen nach 60% vun den eigentlech néidege Kalorie kréien. Dëst kéint just verhënnert ginn, wann de WFP sou séier wéi méiglech knapp 96 Milliounen Dollar - ëmgerechent ronn 79 Milliounen Euro - un zousätzleche Moyene krit.