Och Lëtzebuerger dobäiIllegal Autoscourssen zu Aubange

RTL Lëtzebuerg
Vitessen ëm 200km/h, kaum Ofstand zu aneren Autoen a geféierlech Iwwerhuel-Manöver: Ëmmer rëm packen illegal Autoscourssen et an d'Schlagzeilen.
Och Lëtzebuerger dobäi: Illegal Autoscourssen zu Aubange
Vitessen ëm 200km/h, kaum Ofstand zu aneren Autoen a geféierlech Iwwerhuel-Manöver: Ëmmer rëm packen illegal Autoscourssen et an d’Schlagzeilen.

Viru Kuerzem nach bei eise belschen Noperen. Just hannert der Lëtzebuerger-belscher Grenz gëtt et anscheinend een “Hot Spot” fir déi geféierlech Courssen. Zu Aubange flitzen d’Autoe reegelméisseg iwwer d’Autobunn, dorënner och där mat Lëtzebuerger Placken. Wéi d’Gemeng elo dogéint wëll virgoen, hunn eis Kolleege vum belschen RTL nogefrot.

Net wäit ewech vu Lëtzebuerg spille sech an der Lescht Zeenen of, wéi aus engem Film: Autoen, déi duerch Rond-pointen driften oder sech op der Autobunn eng Course liwweren – mat Spectateuren op der Pannespuer. Biller, déi och dem Buergermeeschter vun Aubange net onbekannt sinn. Hie weess genee, wéi eng Strecken d’Participante fueren. Den Treffpunkt ass eng Aire de repos laanscht d’Autobunn A28. Belsch, Fransousen an och Lëtzebuerger zitt et reegelméisseg dohi fir déi illegal Treffen. “Mir hunn heiansdo méi wéi 80 Autoe mat 200 Leit”, esou de François Kinard, Buergermeeschter vun Aubange. An dat Ganzt gëtt nach gefilmt an op Plattforme wéi TikTok gedeelt. Zanter Méint geet dat schonn esou. Enn Januar wier et dobäi souguer zu engem Accident komm, heescht et vun der Police. E geféierlechen Trend also, deem elo en Enn soll gesat ginn. Rassemblementer vu méi wéi 5 Persoune si vun elo un op der concernéierter Aire de repos verbueden, dat tëscht 19 Auer owes a 4 Auer moies. Eng weider Mesure ass, dass Chaufferen, déi bei enger illegaler Course erwëscht ginn, hiren Auto eng Woch laang saiséiert kréien, erkläert de François Kinard. Déi éischt Police-Kontroll war schonn de leschte Samschdeg. Getunten Autoen, déi iwwer d’Grenz gefuer sinn, stoungen am Fokus. Den zoustännege Commissaire vun der Verkéierspolice, den Dominique Cornez, geet dovunner aus, dass de Message wäert ukommen an den nächste Wochen. “Mir bleiwen déi nächst Freideger an Samschdeger weiderhin opmierksam”, esou den Dominiqe Cornez.

Vläicht fannen all déi Belsch, Fransousen a Lëtzebuerger jo en anere gemeinsamen Hobby, deen e bësse manner geféierlech an net illegal ass.

Back to Top
CIM LOGO