
Op d’mannst genau sou laang sollen et och schonn illegal Evakuatioune vun ukraineschen Zivilisten a russesch occupéiert Gebidder an der Ukrain oder direkt a Russland ginn. Dat huet d’ONG Amnesty International dokumentéiert an an engem Rapport festgehalen, an deem se iwwer 80 Temoignagë gesammelt hunn. Dës Transferte géingen dacks géint de Wëlle vun den ukrainesche Bierger geschéien. Wa se bis ukomm sinn, gëtt hinne mat Folter gedreet.
Rieds ass am Rapport ënner anerem vun illegalen Transferte vu Leit, ënner anerem aus Mariupol. Zënter der russescher Occupatioun konnten d’Leit net méi a Géigende flüchten, déi vun den Ukrainer kontrolléiert ginn. De Martin Lagneau vun Amnesty Lëtzebuerg erkläert, firwat:
“Ils n’ont pas le choix parce que les routes qui leur permettraient de fuir vers une zon e sous contrôle ukrainienne ne sont pas ouvertes, mais les Russes ne bloquent pas systématiquement toutes les voies de fuite. Mais dans de nombreux cas, soit les Russes dissuadent fortement les populations en prétextant des risques, soit carrément leur interdisent de se déplacer vers ces zones.”
D’ONG huet duerch Gespréicher mat Leit, déi dës forcéiert Transferte matgemaach hunn, och festgestallt, dass d’ukrainesch Leit hu missen duerch sougenannten “Filtratiounsprozesser” goen. Domat verbonne si Folter, Arrestatiounen oder och stonnelaang Interrogatiounen iwwer hir politesch Astellungen.
D’Majoritéit vun de befrote Persounen hunn uginn, dass se duerno konnte vu Russland aus an d’EU oder an aner Länner flüchten. Bei Kanner ouni Eltere par konter géing dat anescht ausgesinn. Vun Zwangsadoptiounen ass Rieds:
“Quelles sont les indications qui nous font penser à cela? D’abord la Russie a changé la procédure qui permet l’acquisition de la nationalité russe pour les enfants sans protection parentale et ensuite il y a plusieurs annonces de cette procédure d’adoption et de transferts de ces enfants vers des familles russes.”
A wéi engem Ausmooss all dës Transferten den Ament passéieren, wier awer nach onkloer. Amnesty fuerdert dowéinst, dass eng international Enquête gemaach soll ginn.