
Bei de Prouwe koum eraus, datt eben dës Mutatioun den Impfstoff net géif blockéieren. D’Etüd gouf vun de Fuerscher am Internet publizéiert, vun Experte bis ewell awer net iwwerpréift.
Bei der brittescher Mutatioun gëtt et eng liicht Verännerung vum Spike-Protein op der Uewerfläch vum Virus, dowéinst ka sech dës Versioun nach méi séier verbreeden. Déi meescht Impfungen awer bréngen dem Kierper bäi, d’Spike-Protein z’erkennen an dat ze bekämpfen.
Mat Bluttprouwe vun 20 Leit, déi géint de Virus geimpft waren, hunn d’Fuerscher hir Tester gemaach. An de Petrischuelen hunn d’Antikierper am Blutt mat Erfolleg de Virus ofgewiert.
Sollt de Virus awer staark mutéieren, kann een och d’Impfung upassen, huet Pfizer matgedeelt. An der Impfung wier een Deel vum genetesche Code vum Virus, wat een awer einfach auswiessele kéint.
