
iUm Méindeg ass dee Vaccin, deen zesumme mat Pfizer entwéckelt gouf, jo an der EU zougelooss ginn.
Et géif een nei Tester maachen. Dat géif zwou Wochen daueren, sot de Chef vu Biontech an engem Interview. Mä et wär een awer zouversiichtlech, datt et näischt Bedeitendes um Impfstoff ännert.
D’Weltgesondheets-Organisatioun ass da wéinst der Mutatioun manner beonrouegt wéi déi brittesch Regierung. Och wann de Virus sech méi effizient kéint verbreeden, kéint e gestoppt ginn. D’Situatioun wär net ausser Kontroll.
Den däitsche Virolog Christian Drosten huet getwittert – nodeems nei Detailer iwwer déi nei, englesch Variant publizéiert goufen - „et géif leider net gutt ausgesinn“. Nei Auswäertunge weisen, datt déi nei Variant fir méi en héije Reproduktiountaux kéint suergen, dee kéint ëm 0,5 bis 0,7 an d’Luucht goen.
Et wär awer positiv, datt d’Fäll mat der Mutant just a Géigenden zougeholl hunn, wou et eng héich Inzidenz gouf. D’Kontakt-Reduzéierung géif also och géint déi nei Virus-Variante wierken, schreift de Christian Drosten.