
An der Gemeng Flachau gouf et e Mëttwoch eng Inzidenz vun 7.627. Zwar ass de Gros vun der Bevëlkerung geimpft an hire Krankheetsverlaf ass ouni Symptomer, ma déi vill Infektioune sinn e grousse Problem fir déi lokal Betriber. Vill Mataarbechter sinn a Quarantän.
De Buergermeeschter Thomas Oberreiter huet am Interview mat den däitsche Kolleege vun RTL betount, et misst een d’Zuelen a Relatioun setzen: “Mir hu gutt 3.000 Awunner, ma den Ament hale sech mat de Gäscht an Employéen 15.000 bis 16.000 Mënschen am Uert op. Mir sinn de Moment eng Klengstad.”
D’Majoritéit vun de Betraffene si Jonker ouni Symptomer. Kee vun de ronn 230 Infizéierte brauch eng medezinesch Behandlung.
Elo setzt een verstäerkt op Testen am eegenen Testzenter. Bei ronn 60 Prozent vun de Leit, déi positiv getest goufen, handelt et sech ëm Tourismusmataarbechter a Schi-Moniteuren, déi aner 40 Prozent sinn Awunner.
Ma net nëmme Flachau ass betraff. Gär besicht sinn och nach Tirol a Salzburg, an och do klammen d’Coronazuelen. Zum Joresufank goufen 964 Hollänner positiv getest, wéi si aus der Vakanz aus Éisträich Heem komm sinn. Holland gëllt aktuell an Éisträich als Virusvariante-Gebitt, allerdéngs gëtt et keng Quarantän-Flicht no der Arees fir déi Leit, déi 3 Mol geimpft sinn.