USAInfirmière als éischte Mënsch an den USA geimpft

RTL Lëtzebuerg
Als éischte Mënsch an den USA ass eng New Yorker Infirmière mam Corona-Vaccin vu Biontech Pfizer geimpft ginn.

D’Impfung vum Sandra Lindsay vum Spidol “Long Island Medical Center” zu Queens gouf e Méindeg live op der US-Televisioun iwwerdroen.

“D’Sprëtz huet sech net anescht ugefillt wéi iergend eng aner Impfung”, sou d’Infirmière fir Intensivmedezin. “Ech fille mech groussaarteg. Ech fille mech erliichtert.” Weider sot si, dass si sech domat erhofft, dass dat den Ufank vum Enn vun dëser penibeler Zäit an der Geschicht markéiert. Mat hirem Schratt wéilt si Vertraue verbreeden, dass dës Impfung sécher ass. An deem Sënn huet d’Sandra Lindsay un all d’Mënschen appelléiert, “hiren Deel” am Kampf géint de Corona bäizedroen.

De President Trump huet sech op Twitter iwwert déi éischt Corona-Impfung gefreet an den USA gratuléiert.

D’USA sinn dat Land mat den am meeschte confirméierte Corona-Infektiounen an Doudesfäll weltwäit. An Tëscht dierften iwwer 16,2 Milliounen Infektiounen enregistréiert gi sinn. Knapp 300.000 Mënsche sinn un de Suitte vun enger Covid-Infektioun gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO