
Fir déi fréier Sowjetrepublik, déi tëscht Rumänien an der Ukrain läit, ze ënnerstëtzen, ass um Méindeg zu Paräis eng weider Kéier eng international Donateurskonferenz, un där och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn deelhëlt.
Am Abrëll zu Berlin ware bei enger änlecher Reunioun méi wéi eng hallef Milliard Euro beienee komm.
An der Suitte vum russeschen Offensivkrich ware wäit méi wéi 500.000 Ukrainer a Moldawien geflücht – dat äermst Land aus Europa, dat deen Effort eleng net kéint stäipen.