Den Iran huet elo Konditioune gestallt fir eng séier Léisung vum Konflikt mat den USA. De Generalsekretär huet op X erkläert, de Wee fir Diplomatie wier op, wa siwe Konditiounen erfëllt wieren. Wéi et a verschiddene Medien heescht, sollen d'USA ënner anerem hir Kampfhandlunge géint den Iran a seng Alliéiert stoppen, d'Séiblockad an der Strooss vun Hormus an d'Sanktiounen ophiewen an donieft och agefruere Verméigenswäerter fräiginn. Den Iran fuerdert dann och nach Entschiedegungen.
Et gëllt als onwarscheinlech, datt Washington op all dës Fuerderungen ageet. Mä Teheran huet gewarnt: Bei enger neier Eskalatioun géif een net zécken, fir neiaarteg Waffen anzesetzen, sou d'Menace aus dem Iran.